De Wand bléist staark zu Uewerkuer. An deenen nächste Joere soll an der Gemeng Déifferdeng de Wandpark "Diffwand" entstoen.

D'Wandrieder sti mol nach net, mä sinn awer schonn elo e grousst Thema an der Gemeng. Um Plateau "Vesquenhaff" sinn 3 Wandrieder geplangt, déi ronn 130m héich solle sinn. D'Iddi fir de Wandpark  "DiffWAND" opzeriichte geet op 2012 zréck. Zanterhier sinn etlech Studien iwwert den Impakt op d'Natur, d'Déieren an déi betraffen Ëmwelt gemaach ginn. De Georges Liesch, Ëmweltschäffe vun der Gemeng Déifferdeng, gesäit am Projet ee risegt Potential, eng Gemeng soll nämlech Verantwortung iwwerhuele bei der Energie-Produktioun. Um Bierg wier d'Potential fir Wandenergie do.

AUDIO: Pro a Kontra Projet "DiffWand" / Reportage Catherine Anen

Mä och Géigewand mécht sech breet. D'Biergerinitiativ "Wandtastesch?" kämpft géint de Wandpark. Si ass net prinzipiell géint Wandkraaft, mä d'Auswierkungen op d'Awunner wëlle si net riskéieren. Déi wunnen nëmme 550 Meter vum Wandpark ewech. Bis well hunn sech Pro an Kontra awer nach net zesummen un den Dësch gesat, och wa si schonn Informatiounsversammlungen zesummen haten. Bei all Reunioun, déi an Zukunft iwwert de Wandpark wäert sinn, sinn och Vertrieder vun der Gemeng mat um Dësch.

Transparenz heescht, dass d'Awunner kënnen alles noliesen an sech um Site kënnen informéieren. Dëst war vun Ufank u ganz wichteg, seet de Georges Liesch, well d'Awunner solle gesinn, wat alles zu esou engem Projet gehéiert a wéi eng Studie gemaach gi sinn. Esou ee Wandpark kann een nëmme realiséieren mat Support vun de Bierger. D'Froe vun de concernéierte Bierger sinn natierlech berechtegt an et wëll ee probéieren alles ze klären. Dofir muss ee sech Zäit huelen.

Den Dossier leit den Ament beim zoustännege Ministère an et gëtt op e Feedback gewaart, wéi et soll weidergoen.