
Och dëst Joer organiséiert "Hobbykënschtler Lëtzebuerg" erëm en Hobbymaart am Syrkus.
Eng 60 Hobbykënschtler stellen hir Wiirker aus: bannen am Syrkus a baussen am Haff.
Ugebuede ginn: Biller, Bitzartikelen, Patchwork, Keramik, Likören, Bijouxen,Bijouxen aus Päershoër, Konscht aus Bicher, Holzartikel, Filzartikel Holzskulpturen, Wandspiller aus sëlwer Besteck avm.
Et ass och schonns eng Traditioun dass Yolande Coop vu Betzder hir Arrangementer fir Allerhellgen ubidd an och nach Artikelen, déi an hiren Atelieren gemaach si ginn.
D´Veteranen vum FC Syra Mensdorf grillen déi zwee Deeg.
De Maart ass déi 2 Deeg vun 11 bis 18 Auer an de Vernissage ass Samsdes ëm 11 Auer a Präsenz vum Schäffen Patrick Lamhène an de Gemengevertrieder.
Weider Informatiounen bei hobbykl@hotmail.com