
Gutt besicht war déi 6. Editioun am Syrkus, déi vun den Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl organiséiert war.
Et war fir déi 6. Kéier, wou Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl, mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Betzder, e groussen Hobbymaart an der Gemeng Betzder organiséiert hunn.
Eng 60 Memberen hunn hir Wierker den 28. a 29. Oktober do ausgestallt, esouwuel bannen am Centre Culturel Syrkus, wéi och baussen.
D'Amicale ISJB aus Betzder hunn Allerhellegenarrangementer an Artikelen aus hiren Atelieren verkaaft. D'Veterane vum FC Syra Menster ware fir de Grill zoustänneg an d'Jugendhaus vu Betzder huet fir Kanneranimatioun gesuergt.
De Maart war gutt besicht an esou steet enger 7.Editioun näischt méi am Wee.