An der Iechternacher Primärschoul gouf d‘Assemblée Générale vum ORT Mëllerdall ofgehalen.

A Präsenz vum Lex Delles, Tourismusminister, gouf op d‘Joer 2018 zréckgekuckt.

Mam „Mëllerdall Trail“ huet d‘Saison de 6. Mee ugefaangen. Duerno koumen d‘Iwwerschwemmungen am Mount Juni.

Bei de Hotelieren ass et eng liicht Baisse vu 0,4 % an de Nuitéen. Bei de Campingen goung et 2018 biergop. Hei ass et eng Hausse vu 9 % bei den Iwwernuechtungen.

De 5. Mee 2019 ass mam „Mëllerdall Trail“ de Season Opening geplangt.