E Méindeg gouf déi kommerziell Strategie vun der Diddelenger Gemeng virgestallt.

D'Offer u Geschäfter ze diversifizéieren, d'Attraktivitéit vun der Stad auszebauen an e Stadkär mat mënschlechen Dimensiounen ze behalen: Dat sinn d'Ziler vun der kommerzieller Strategie vun der Diddelenger Gemeng.

Déi huet e Méindeg de Mëtten, zesumme mat der Handelsconfederatioun a mam lokale Geschäftsverband, Mesuren an deem Sënn ugekënnegt. Dozou gehéieren déi 1. Assisë vum Diddelenger Commerce, déi Enn Abrëll sinn, d'Schafe vun engem Handelsobservatoire an d'Astelle vun engem City Manager.

AUDIO: Diddeleng an de Commerce: Rep. Eric Ewald