Um Méindeg de Mëtteg mellt de Service Technique vu Jonglënster, dass d'Drénkwaasser zu Allënster den Ament verknascht ass.

Analysen hätte gewisen, datt et eng bakteriologesch Verknaschtung gëtt.
D'Leit sollen d'Waasser virum Gebrauch op d'mannst 10 Minutten ofkachen. Liewensmëttel soll een net ënnert dem Krunn wäschen.

D'Gemeng informéiert d'Awunner, soubal d'Drénkwaasserqualitéit nees an der Rei ass. Déi zoustänneg Gemengenzerwisser schaffen dru fir de Problem ze léisen.