Unanime hunn e Méindeg den Owend d'Gemengeréit vu Groussbus a Wal derfir gestëmmt, fir Fusiounsgespréicher mateneen unzefänken.

Eng méiglech Gemengefusioun steet am Réidener Kanton an d'Haus. Dës Nouvelle krute mer vun de Gemengeverantwortlechen confirméiert.

E Méindeg goufen a béide Conseilen d'Déclarations d'Intention ugeholl, fir a Gespréicher mateneen ze trieden, wou um Enn d'Fusioun vu béide Gemengen d'Zil ass.

En Zäitplang gëtt et nach keen, och wéini e Referendum an de Gemengen Groussbus a Wal ugesat gëtt, gouf nach net definéiert.

Wéi et heescht, géife sech béid Gemengen awer net verschléissen, fir eventuell nach aner Gemengen mat an d'Fusiounsbett ze huelen.

D'Gemeng Préizerdaul géif sech do mat hire 1700 Awunner ubidden. Mä wéi eis de Buergermeeschter Marc Gergen géintiwwer confirméiert huet, wiere fir den Ament emol keng esou Fusiounsgespréicher op der politescher Agenda.

Groussbus zielt den Ament 1100 Awunner, Wal huet der ronn 70 manner.

Béid Gemenge schaffen ewell an enger Partie Gemengesyndikater zesummen, z.B. am "De Réidener Kanton"... wéi gesot fänken d'Fusiounsgespréicher un, nodeem eng Stäerkten/Schwächten-Analyse realiséiert gouf.