"Oh nee ... net schonn erëm Reklamm!!"

Den 11. an 12. Mee organiséiert den Nordstad-Turnveräin hir alljäerlech Gala ënnert dem Moto "NTV Spots", wou 250 Turner an Turnerinne am Alter tëscht 3 a 40 Joer versichen, de Spectateur mat hirem Kënnen ze beandrocken. An 23 verschiddenen Übungen an ënnert der Leedung vun 30 Trainer an Trainerinnen versiche si, Reklamme mol op eng aner Aart a Weis duerzestellen a méi interessant ze gestalten.

Kommt laanscht an entdeckt Kinderüberraschung, M&Ms, Cactus oder Luxair mol anescht.

Wou?

Centre sportif Frankie Hansen Rue du Deich
L-9012 ETTELBRUCK

Wéini?

Samschdeg, 11. Mee

Entrée 18h00

Ufank: 19h00

Sonndeg, 12. Mee

Entrée: 13h30

Ufank: 14h30

Präisser

Virverkaf: 10 € (Kanner bis 6 Joer si fräi)
Oweskeess 12 € – Kanner vu 7-12 Joer 10 €

Weider Infoe fannt Dir ausserdeem op hirer Homepage an op hirer Facebook-Säit.