"Et muss alles vun uewe bis ënnen a Punkto Infrastrukturen nei gemaach ginn", sou d'Stater Buergermeeschtesch iwwert d'Feier um Knuedler leschte Freideg.

D'Lydie Polfer huet um City Breakfast um Mëttwoch de Moien donieft betount, datt net gewosst wier, wéi laang déi Aarbechten dauere wäerte. Déi 2 concernéiert Haiser gehéieren der Stad Lëtzebuerg - d'Feier war leschte Freideg am Nomëtteg an der Brasserie Guillaume ausgebrach, ënnen an der Kichen hat d'Hott Feier gefaangen, wat bis ënnert den Daach Schued ugeriicht hat.

VIDEO: City Breakfast
"Et muss alles vun uewe bis ënnen a Punkto Infrastrukturen nei gemaach ginn", sou d'Stater Buergermeeschtesch iwwert d'Feier um Knuedler leschte Freideg.

Souwuel d'Appartementer wéi och de Restaurant misste komplett ausgeraumt ginn, huet d'Stater Buergermeeschtesch präziséiert. 7 Leit wiere betraff, fir déi eng Léisung fir e puer Méint fonnt ginn ass, fir se ze relogéieren.

AUDIO: Extrait Lydie Polfer

Anere Sujeten e Mëttwoch de Moie waren d'elektresch Trottinetten. D'Stad Lëtzebuerg huet déi lescht Méint eng ganz Partie Demandë vu Societéite krut, fir Kooperatioune mat der Stad Lëtzebuerg. De Mobilitéitsschäffen Patrick Goldschmidt huet an deem Kontext betount, datt si de Veloh, de Carloh an de Bus hätten an net gewëllt wieren eng Kooperatioun mat enger Locatioun vun Trottinetten anzegoen.

Vill Leit géingen där Trottinetten zwar benotzen, wat an den A vun der Stad Lëtzebuerg och an der Rei wier, soulaang d'Leit sech un de Code de la route halen a se se och net iergendwou am ëffentleche Raum ofstellen.

AUDIO: Extrait Patrick Goldschmidt

De Patrick Goldschmidt huet och rappelléiert, datt den zoustännege Minister François Bausch Ufank der Woch annoncéiert huet, datt an den nächsten 2 Joer d'Legislatioun adaptéiert soll ginn.