E Samschdeg, den 8. Juni, gëtt zu Useldeng e Futtballsmatch fir de gudden Zweck gespillt.

8. Juni. 17 Auer.
Terrain vum FC Jeunesse Useldeng.
D'Missioun Grottekick géint d'Jeunesse Useldeng.

E Futtballsmatch fir de gudden Zweck. Déi 5 Euro Entrée, déi ee minimum ka bezuelen, geet integral un d'Associatioun Autisme Luxembourg. Ma fir seng Sue kritt een och eppes gebueden. Futtball vu senger beschter Säit, wéi een et och ëmmer erëm bei der Missioun Grottekick gewinnt ass.

D'Grottekicker treffen op Legenden vun der zweeter Ekipp a vun de Veteranen aus Useldeng.

Donieft ass nach vill méi geplangt, fir datt dëst en "d(r)enkwürdegen" Owend gëtt.