D'Gemeng Esch-Sauer hat Ufank vum Joer e Fotosconcours organiséiert mam Zil, fir hiren Internetsite ze verschéineren.

Am Kader vum gutt besichten Multikulti-Fest zu Heischent an der Sportshal den leschte Sonndeg war dann d'Präisiwwerreechung.

Jeeweils den éischten Präis an de dräi Kategorien Kierchen, Fräizäit an Dierfer goungen un d'Mim Bloes, de Laurent Hilger an de Paul Hilbert.