Et geet ëm eng Petitioun, déi sech géint de Plang vun engem geplangten Hotel- a Fräizäit-Komplex laanscht de Séi stellt.

An der Gemeng Wäiswampech wäert um Donneschdeg de Moien eng Biergerinitiativ de Gemenge-Responsabelen eng Petitioun iwwerginn, déi sech géint de Plang vun engem geplangten Hotel- a Fräizäit-Komplex laanscht de Séi stellt.

250 Ënnerschrëfte wieren néideg gewiescht, fir et zu engem Referendum iwwert de Projet an der Gemeng kommen ze loossen. D’Initiateuren hunn der eng 430 beieneen kritt. Dat ass net grad d’Halschent vun alle walberechtegte Leit an der Gemeng.

Enn Abrëll hat d’Biergerinitiativ eng Informatiounsversammlung aberuff, wou decidéiert gi war, esou e Referendum ze envisagéieren. De Projet wier ville Leit an der Gemeng net genuch duerchduecht, an net nohalteg genuch.