D'Gemeng Helperknapp huet no zwee an hallwem Mount Waarde mam Frank Conrad endlech een neie Buergermeeschter fonnt.

Laang Zäit hu sech d'Memberen aus dem Gemengerot gestridden, en Donneschdeg den Owend ware si sech elo awer eens. De Frank Conrad gouf eestëmmeg als neie Buergermeeschter gewielt.

Enn Februar hat een de Récktrëtt vum komplette Schäfferot verlaangt a Mëtt Mäerz ass den deemolege Buergermeeschter Paul Mangen zréckgetrueden.

De Frank Conrad huet mam Christiane Eicher-Karier, Jean-Claude Mathekowitsch a Patrick Ludwig dräi Schäffen u senger Säit.