An der Ärenzdallgemeng waren e Sonndeg Komplementarwalen. D'Bierger waren opgeruff, nieft den EU-Deputéierten, och zwee nei Conseilleren ze wielen.

Souwuel d'Leit an der Sektioun Miedernach grad wéi och an der Sektioun Iermsdref hunn um Sonndeg gewielt.

Fir déi 2 fräi Posten hu sech 4 männlech Kandidaten opgesat: dëst ass de Steve Batista, de Kay Fandel, de Léonard Wies an de Pascal Zeihen. Um Enn konnten sech de Léonard Wies (505 Stëmmen) an de Steve Batista (473 Stëmmen) duerchsetzen.

De Bestëmmungen aus dem Fusiounsaccord vun 2011 no, duerfte sech nëmme Kandidaten opsetzen, déi an der fréierer Gemeng Miedernach wunnen - dat ass dann och bei de 4 Kandidaten de Fall.

D'Komplementarwalen an der Ärenzdallgemeng waren néideg ginn, nodeem zejoert de Conseiller Nico Kisch verscheet war an dëst Joer de Schäffen Jeff Feller seng Demissioun agereecht hat.

Dem Gemengegesetz no, muss am Fall wou 2 Conseillersposten net besat ginn, gewielt ginn.