Zënter e puer Joer géingen et Problemer ginn, seet de Gemengerotsmember Dan Codello. Wat plangt d'Gemeng a firwat gëtt een net méi iwwer déi Pläng gewuer?

Ënner anerem déi Froen huet den onofhängege Gemengerotsmember Dan Codello dem Schäfferot gestallt.
De Buergermeeschter Georges Mischo an de Schäffe Pim Knaff äntweren a verweisen op eng ganz Panoplie u geplangte Mesuren.

AUDIO: Geschäfter zu Esch / Reportage Pit Everling

D'Prioritéite sinn dës:

D'Acteuren zu Esch sollen nach besser zesummeschaffen, notamment d'Gemeng an d'Geschäftsleit eidel Geschäfter solle proaktiv genotzt ginn, zum Beispill kéinte Pop-Op-Butteker oder soss temporär Aktivitéiten do funktionéieren.

Mat Hëllef vun enger Plattform wëll een e besseren Iwwerbléck iwwer disponibel Raimlechkeeten an Terraine kréien.
D'Stadhaus soll eng Antenn an der Uelzechtstrooss kréien, et soll e Qualitéitslabel kommen.

Renovatiounen an urbanistesch Mesuren am Stadzentrum ginn envisagéiert an och de Parkleitsystem soll optimiséiert ginn.

D'Stad Esch schafft da mat der däitscher Firma GMA zesummen, fir den Zentrum ze revitaliséieren. D'Aarbechten hätten awer do eréischt ugefaangen, dës stéingen iwwregens an der Suite vun de Proposen, déi d'Acteuren um Terrain gemaach hätten, notamment de Geschäftsverband an d'Commerçanten.

Dës Propose wieren och presentéiert ginn an am Mee zejoert wier e Workshop organiséiert ginn.  Nei Projete wieren an der Maach a géinge mat Zäiten der zoustänneger Kommissioun presentéiert ginn. Am Hierscht soll iwwerdeems eng Gemengerotssëtzung dem Commerce dediéiert ginn.

„assises du commmerce“, wéi et der scho goufen, wieren e weidere Moyen. Am Laf vun dësem Joer wieren et Workshops, Quartiers-Tier an eng Enquête ginn. Am Hierscht soll do zu Deel de Bilan gemaach ginn, d'Aarbechte vun der Firma GMA géingen dee Moment mat afléissen.

An de proposéierte Moossname vun de Bierger stécht iwwregens ervir, datt d'Leit wëllen, datt d'Attraktivitéit vum Stadzentrum soll gestäerkt ginn an datt méi Mënsche sollen ugezu ginn.