D'Sonn straalt dës Partikel, déi op iwwer 80 Kilometer Héicht sinn, un a suergt dofir, datt se dann ausgesinn, wéi Wolleken, déi stralen.

Dëst Phenomen gesäit ee u sech just vu Mëtt Mee bis Enn Juni. Wéi de Sven Rock eis matgedeelt huet, hätt ee se esou staark, wéi et e Freideg den Owend de Fall war, scho laang net méi strale gesinn.