Et ass schonn déi véierten Editioun vun dësem Museksfestival.

Den 10. Juli organiséiert den Escher Jongelycée déi véiert Editioun vum Final Jam.

De Museksfestival ass um Wicki Beach zu Esch. Et trieden ënnerschiddlech Gruppen op ënner anerem ELI, SEED TO TREE, CHEAK!, den DJ Se7en an den DJ-Duo AMFA.

Ticketen kritt een op e-ticket.lu, am Cafe Pitcher zu Esch an am Escher Jongelycée.