Am Kader vum 50. Anniversaire vun der 1. Moundlandung organiséieren d'Lëtzebuerger Amateurastronomen am Juli zwou Konferenzen.

Wéi et am Communiqué heescht, wier et eng Éier an eng Obligatioun, un dësen historesche Moment ze gedenken. Jiddwereen, deen sech fir d'Moundmissioun Apollo 11 interesséiert a méi iwwert de Mount wëll gewuer ginn, dee kann dat op 2 verschiddene Konferenze maachen, déi vun de Lëtzebuerger Amateurastronomen ugebuede ginn.

Eemol e Samschdeg den 13. Juli an der Käilche vum Camping Fuussekaul an eemol den 20. Juli an der Buerg zu Buerschent.

Den Entrée ass op béide Konferenze gratis.

Offizielle Communiqué fir Buerschent

DEN ÉISCHTE MËNSCH UM MOUND
50. Joeresdag Am Kader vun de Festivitéiten ëm d' Renovéierung vum STOLZEBUERGHAUS um Schlass vu Buurschent erënneren

D' LËTZEBUERGER AMATEURASTRONOMEN
mat den
AMIS DU CHÂTEAU DE BOURSCHEID

mat enger wëssenschaftlecher Konferenz un de 50. Anniversaire vum éischte Mënsch um Mound. Den 21. Juli 1969, um 03:56:20 eiser Lokalzäit huet de Neil ARMSTRONG säi Fouss op de Mound gesat a vum „klenge Schratt fir de Mënsch, an dem grousse Schratt fir d' Mënschheet" geschwat..
Thema? D' APOLLO 11-Missioun an onse Mound, fir Grouss a Kleng!
Wou? Am Sall François DECKER an der Buerg
Wéini? Samsteg, den 20.Juli 2019, um 19.30 Auer
Entrée ass fräi!

Offizielle Communiqué fir d'Fuussekaul

Et ass fir ons Lëtzebuerger Amateurastronomen eng Éier an eng Obligatioun, mat enger ëffentlecher, wëssenschaftlecher  Konferenz un dëse Moment ze erënneren.

Wann Dir, léif Matbierger, méi iwwer d’Moundmissioun APOLLO11 an iwwer de Mound selwer wëllt gewuer ginn, da kommt op d’Moundkonferenz vum Professer-Ingénieur an Éierepresident vun den AAL, Nic. Feierstein.

Dës Konferenz ass gratis a fënnt de Samsten, 13. Juli 2019, um 18:30 Auer

an der Käilchen vum Camping Fuussekaul statt.

Um 20:00 Auer gëtt et e galaktësche Cocktail an e speziellt Iessen an der Auberge vum Camping Fuussekaul, fir 32€ pro Persoun.

Mellt Iech virum 1. Juli un per Telefon um +352 691 198 974!