7 Start-uppen aus dem Beräich Ekotechnologië sinn, 13 Méint no sénger Aweiung, am Diddelenger Innovation Hub aktiv.

Innovation Hub / Reportage Eric Ewald

Dat gouf de Mëttwoch de Moien op der Bilanspressekonferenz um 1. Gebuertsdag vun dem Incubateur gesot. 3 vun de Start-uppen aus deem Innovation Hub, deen den 1. konkrete Schrëtt a Richtung vum zukünftegen Ekoquartier "NeiSchmelz" duerstellt, schaffen och scho méi enk mat der Gemeng zesummen. Zwou vun hinnen hu sech virgestallt.

Déi eng heescht "WeThink" a gesäit sech selwer als net politeschen "think tank" an als ekologesche Beroder un. Hiert Zil ass et, d'Liewenssituatioun vun de Bierger ze verbesseren, wat an engems och eng Verbesserung fir d'Natur bedeite géif, wéi hire Matgrënner Luc Schmit betount huet. E Projet vun der Start-up si Luuchten aus dem Beräich Smart Lighting, also intelligent Luuchten. Hir Luuchte géife bis zu 80 Prozent Energie spueren, se géifen de Liicht-Smog verréngeren, se géifen d'Déierewelt schützen a se wiere méi sécher. D'Reiteschkopp am Quartier Italien wäert mat esou Luuchten equipéiert ginn, huet de Co-Fondateur vu "WeThink" houfreg erkläert. Donieft wäert seng Start-up vu September un och ekologesch Berodung ubidden.

Déi zweet Start-up, déi ewell mat der Diddelenger Gemeng zesummeschafft, ass "RSS-Hydro". De Guy Schumann, deen no 20 Joer aus den USA erëmkoum, mécht absënns Fuerschung am Beräich vun den Iwwerschwemmungen. Hien ënnersicht d'Waasser an de Stied, mat Satellitten-, Fliger- an Dronenopnamen. Sou erstellt "RSS-Hydro" Kaarte fir Assurancen a schafft ënner anerem mat um Assainissement vun der Diddelenger Baach.

Et huet sech also eppes gedoen am leschte Joer, eben och um Gebitt vun der Zesummenaarbecht tëscht de Start-uppen an der Gemeng, freet sech de Buergermeeschter. Fir den Dan Biancalana gouf de Fokus op den neien Domaine Ekotechnologië geluecht, well direkt hannert dem Innovation Hub den Ekoquartier "NeiSchmelz" entsteet. Och net ouni Houfert huet de Gemengepapp ervirgehuewen, datt den Innovation Hub integral vun der Gemeng geréiert gëtt. De Buergermeeschter huet drun erënnert, datt jonk Entreprisë vu manner wéi zwee Joer 15€ de Meter Carré a Betriber vu méi wéi zwee Joer 20€ de m2 bezuelen. Am Innovation Hub kënne si iwwregens maximal 5 Joer bleiwen.

Den Ingenieur vun der Stad Nic Krumlovsky huet op d'Zesummenaarbecht tëscht de Gemengenatelieren an de Start-uppen higewisen, Start-uppen, déi iwwert dee Wee ënnert d'Äerm gegraff kriten. Dat wier eben net direkt a Form vu Suen, mä a Form vu manueller Aarbecht an Technik, fir d'Projeten ze realiséieren. Wat enger Win-Win-Situatioun entsprieche géif, sou den Ingenieur vun der Stad.

Bei der Presentatioun vum Innovation Hub am September 2017 goung vun enger Dose Start-uppe Rieds, déi sech an enger 1. Phas do néierloosse kéinten. De Moment wär een ebe bei 7, sou den Dan Biancalana. Et hätt een och schonn Entreprisen net opgeholl, well de Projet net ausgeräift genuch geschéngt hätt. Eng Start-up wär och scho fortgaangen, well si sech ëmorientéiert hätt.