Entwarnung zu Esch, wou et ganz laange Blackout an eenzelne Quartiere vun der Stad gouf, bedéngt duerch eng Pann an engem Traffo.

Nëmmen een Verwaltungsgebai op Belval ass nach ouni Stroum.

D‘Temperature wieren net um Defekt schold, heescht et vun Experten. Beim Brand vun engem Traffo sinn dann och zwou Persoune blesséiert ginn, wéi den 112 mellt.

Betraff waren eng ronn 1.300 Uschlëss, dat an Deeler vum Escher Zentrum ronderëm d‘Kanalstrooss; eenzel Stroossen op Belval, mee och d‘Rue de l‘Usine am Quartier Uecht.

RTL-Informatiounen no gouf et fir e puer Stonnen och keen Drénkwaasser um Camping an dem Hotel um Gaalgebierg. Wéinst der Stroumpann konnt d‘Waasser nämlech net erop op de Bierg gepompelt ginn; dee Problem ass awer behuewen.