De Ministère vun der Ekonomie féiert den éischte Klassifizéierungs-System op Lëtzebuerger Campingen an.

Dëst ass eng Zesummenaarbecht mat Camprilux. D'Campinge gi bewäert an enger Kategorie vun 1-5 Stären.

Dëst huet als Zil, de Clienten eng vill méi grouss Transparenz ze bidden, wat d'Offer u Lëtzebuerger Campingen ugeet. Dëst ass als Hëllef geduecht, fir datt d'Cliente sech kënnen no dësem System riichten, wa si op der Sich no engem Camping zu Lëtzebuerg sinn.

Dës Klassifizéierung ass fräiwëlleg. All Betrib dierf selwer entscheeden, ob e sech wëll dru bedeelegen oder net.

De Camping "Auf Kengert" an der Fiels kritt den 13. Juli déi éischten offiziell Plaquette vum Tourismus-Minister Lex Delles iwwerreecht. Dëst ass soumat deen éischte Camping zu Lëtzebuerg mat Klassifizéierung.

Dëse System gëtt et schonn zënter 2017, wat d'Hoteller zu Lëtzebuerg ugeet. A manner wéi zwee Joer hu sech 60 Hoteller dësem System ugeschloss.

De Communiqué


«Auf Kengert» est le premier camping à obtenir la classification officielle au Luxembourg (13.07.2019)

Communiqué par: ministère de l'Économie

Date:
Samedi 13.07.2019 à 14 h 30

Lieu:
Camping «Auf Kengert»
1, op Kengert
L-7633 Medernach-Larochette

Le samedi 13 juillet 2019 à 14 h 30, le ministre du Tourisme Lex Delles décernera au camping «Auf Kengert» l'écusson de classification. Ce camping devient dès lors le premier établissement d'hébergement de ce type au Luxembourg à obtenir la classification officielle.

Le ministère de l'Économie, en étroite collaboration avec Camprilux, propose un système de classification officiel des campings luxembourgeois. Suite à une auto-évaluation de l'établissement sur base du catalogue de critères et une inspection sur place, les campings sont classés dans une des cinq catégories (1-5 étoiles). La classification a l'objectif d'apporter une plus grande transparence de l'offre et une information fiable aux clients.

Il y a lieu de relever que la classification des hôtels est déjà en vigueur au Luxembourg depuis 2017. En moins de deux ans, plus de 60 établissements ont finalisé le processus de classification.