E flotte Rendez-Vous an der Stad fir Kanner tëscht 4 an 12 Joer war nees de "Kanner in the city" um Freideg an um Samschdeg.

Dat Ganzt stoung ënnert dem Motto "1,2,3 a lass!".

Ënnert anerem um Knuedler an op der Place d'Armes, konnt een danzen, kleng Autoen fueren, et gouf Waasserspiller an e Labyrinth.