Zanter Méint gëtt et zu Allënster Problemer mam Drénkwaasser. E Mikrobiolog gouf elo erbäigezunn an huet Analyse gemaach.

Zanter Abrëll sinn d’Awunner vun Allënster mat engem Drénkwaasserproblem geplot. Zanterhier gëtt versicht duerch Chlore vum Waasser dëst propper ze kréien. Als Ënnerstëtzung koum e Mëttwoch e Mikrobiolog vu Karlsruhe an d'Duerf. De Michael Hügler huet op e puer verschiddene Plazen zu Allënster Prouwe vum kontaminéierte Waasser geholl.

AUDIO: Extrait Dr. Michael Hügler

Fir eng geséchert Analys ze garantéieren, gëtt vum 12. August bis den 13. August gëtt dat komplett Chlore vum Waasser gestoppt. D'Awunner vun Allënster däerfe da weder Waasser vum Krunn drénken, nach hiert Uebst oder Geméis ofwäschen.

D'Leit kënnen den 12. an 13. August vu 7 bis 16 Auer mat Behältere Waasser an den Depot vun der Gemeng an der Route de Godbrange zu Jonglënster siche goen. Donieft stinn de Leit an der Sportshal "Op Féinen" Duschen zur Verfügung. Dëst ass den 12. August vun 13 bis 22 Auer de Fall an den 13. August vu 6 bis 22 Auer de Fall.

De Video-Reportage vum 7. August.
Fir de Problem ze léisen, gouf elo e Mikrobiolog ëm Hëllef gefrot.