Vun dësem Mëttwoch un ass de Stater Maart elo all Mëttwochs ëm eng Attraktioun méi räich.

Ee sougenannte "Food Village" ass um Maart installéiert , dat heescht, et si Stänn do, wou een allméiglech Zorte vun Iessen a Gedrénks ugebuede kritt, fir op der Plaz ze consomméieren oder matzehuelen.

D'Stad Lëtzebuerg hält dobäi drop, dass d'Stänn, wat d'Emballagen ugeet , sech méiglechst ëmweltfrëndlech behuelen an och sou wäit wéi méiglech op lokal a saisonal Produiten zréckgräifen.