Wéi erfrëschend, wann een d'Féiss an d'Mier zappe kann. D'Fondation Autisme Luxembourg ass eng Woch laang mat Persounen mat Autismus an d'Vakanz.

Op dem Tripp an Holland gëtt de Grupp vun enger Equipe vun Erzéier a Fräiwëlleger begleet, mat deene si zesumme wunnen, kachen, op d'Plage ginn an aner flott Aktivitéiten ënnerhuelen.

E puer mol am Joer gëtt dëse Service vun der FAL offréiert. Sou kënnen och Persoune mat Autismus mol eng Kéier Vakanz maachen.

Wann dir méi vum Service vun der Fondatioun wëllt wëssen, kënnt dir iech per E-mail op loisirs@fal.lu informéieren. Villäicht sidd dir jo déi nächste Kéier dobäi.