Fir den Affer vum Tornado ze hëllefen, maachen Associatiounen an d'Autoritéite vu Péiteng a Käerjeng e gemeinsame Spendenopruff.

Informatiounsversammlung zu Käerjeng

En Dënschdeg, den 13. August wäert am Käerjenger Treff eng Versammlung fir d'Populatioun ginn, wou déi vum Tornado betraffe Leit iwwert déi nächst Schrëtt wäerten informéiert ginn.

Informatiounsversammlung zu Péiteng

De selwechten Dag organiséiert och Péiteng eng Informatiounsversammlung fir seng Bierger, dat am Centre de Loisir zu Lamadelaine.

Opruff zu Spenden

D'Schäfferéit vun de Gemenge Käerjeng a Péiteng, zesumme mat den Associatiounen « Käerjeng hëlleft » a « Fir e gudden Zweck – Gemeng Péiteng » lancéieren eng Solidaritéits-Aktioun fir de Leit, déi vun de Suite vum Tornado vum 9. August 2019 betraff sinn, ze hëllefen.

Et geet hei dorëms, fir Fongen ze sammelen, mat deene Schied kënne beglach ginn, déi vun den üblechen Assurancen net gedeckt sinn.

Déi Persounen, déi dës Aktioun wëllen ënnerstëtzen, kënnen en Don maachen op d'Konte vun den 2 Associatiounen :

- Käerjeng hëlleft: CCPL LU78 1111 7024 7295 0000

- Fir e gudden Zweck - Gemeng Péiteng: BILL LU27 0026 0100 6485 5800

Communication : "Tornado Käerjeng / Péiteng"

E Comité de gestion, bestoend aus Membere vun den 2 Schäfferéit an aus Membere vun den 2 Comitéen analyséiert an evaluéieren déi eenzel Dossieren.