D'Péitenger Gemeng invitéiert de 24. August 2019 um 15 Auer op de Benefizconcert fir d'Affer vum Tornado z'ënnerstëtzen.

Um Samschdeg, 24. August 2019, organiséiert d'Gemeng Péiteng e Concert fir de gudden Zweck fir den Affer vum Tornado ze hëllefen. Et geet um 15 Auer un an dauert bis 22 Auer owes.

Ze gesi wäerte sinn: De La Mancha, Heavy Petrol, Bastards and Friends mam René Cavallini a René Macri, Yves Schulte, Lata Gouveia an d'Charity Blues Band.

AUDIO: Nom Tornado: Concert fir de gudden Zweck

Wann Dir en Don maache wëllt kënnt Dir dat op dës Konte maachen:

Fir e gudden Zweck - Gemeng Péiteng
BILL LU27 0026 0100 6485 5800

Käerjeng Hëlleft
CCPL LU78 1111 7024 7295 0000