Wéinst dem 70. Drauwen- a Wäifest mécht d'oppe Schwemm de Samschdeg, 7. September, a Sonndeg, 8. September, hir Dieren ausnamsweis net op.

Méindes huet d'Piscine awer nees zu de gewinnten Ëffnungszäiten op. Bis de 15. September um 19:30 Auer kënnen d'Visiteure vun der Schwemm dobausse profitéieren, deelt de Schäfferot vu Maacher an engem Communiqué mat.

Offizielle Communiqué vun der Gemeng