Déi Lénk an DP froe Récktrëtt vum Buergermeeschter Roberto Traversini
Wéinst net autoriséierten Aarbechten un engem Haus an engem Gaardenhaischen, fuerderen Déi Lénk an d'DP de Récktrëtt vum Déifferdenger Buergermeeschter.
Zweemol de Récktrëtt vum Buergermeeschter an eemol voll Transparenz: Dat war d'Fuerderung, am spéide Mëttwoch de Moien, vun den Déifferdenger Oppositiounsparteien LSAP, DP an déi Lénk géintiwwer dem gréngen Député-maire Roberto Traversini.
Deem gëtt ënner anerem virgehäit, am Zesummenhank mat engem Haus an enger Gréngzon, dat hien zejoert geierft hat, Aarbechten dorun an un engem Gaardenhaischen niewendrun ouni Autorisatioun duerchféiere gelooss ze hunn. Am Raum steet och, dass de lokale CIGL, deem säi President de Buergermeeschter ass, am Juli do geschafft hätt.


Et géif hei net ëm d'Erofmaache vun deene Grénge goen, mä ëm de Respekt vun der Demokratie, huet de Gary Diderich vun déi Lénk gemengt. An deem Kontext misst de Gemengepapp e Virbild sinn. Virun engem Feelverhale kéint een d'Aen net zoumaachen, an et wär eng transparent Opklärung néideg, zu där et bis ewell awer nach net komm wär.
Gary Diderich: Wann also ouni Geneemegung an enger Réserve naturelle geschafft gëtt an et doriwwer, en plus, keng séier a konsequent Opklärung gëtt, da sinn hei eng Rei rechtsstaatlech an demokratesch Linnen iwwerschratt ginn, an da mussen dofir Konsequenze gezu ginn.
Jidderengem kéint e Feeler geschéien, ma da misst een dozou stoen, sot de Politiker vun déi Lénk. De Gemengerot an d'Bierger wären allerdéngs vum Roberto Traversini belu ginn, well keng Autorisatioun fir déi Aarbechte virgeleeën hätt. Et géif vun der Saach ofgelenkt ginn. Dobäi kéint een net vun engem perséinleche Konflikt schwätzen, wa 7 vun den am Ganzen 8 Oppositiounspolitiker an Ëffentlechkeet ginn. Donieft hätt d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg de viregte Mount eréischt eng nodréiglech Autorisatioun fir dës Aarbechten ausgestallt:
Wéi kann et sinn, dass eng Ëmweltministesch eng Autorisatioun ausstellt, wann an hirem Dossier essentiell Elementer feelen, fir dass déi Autorisatioun dem Gesetz entsprécht, freet sech de Gary Diderich. Et hätt villméi missen zu engem Baustopp kommen, mengt hien.
Dem François Meisch vun der DP no wär et net ze toleréieren, dass e Buergermeeschter renovéiert, Beem ofholzt, massiv Buedem beweegt a planéiert, an dat an der Zone verte, an der Réserve naturelle Prënzebierg an an enger Natura 2000-Zon, ouni iergendeng Autorisatioun.
De Buergermeeschter misst direkt zerécktrieden, well am anere Fall géif dem Vertrauen an d'Politik geschuet ginn. Doriwwer eraus hätt d'Ministesch Dieschbourg eng nodréiglech Autorisatioun ginn. D'Kiischt um Kuch wär nach eng aner: De CIGL wier am Juli 2019 mat Camionnetten an Aarbechter an an nieft dem Haus present gewiescht an hätt geschafft. An dat beim President vum CIGL Déifferdeng, dem Här Roberto Traversini.
Fir d'Oppositioun hätt de Koalitiounspartner CSV iwwregens eng Matverantwortung.
Fir d'Déifferdenger CSV huet den 1. Schäffen Tom Ulveling de Mëttwoch de Mëtteg erkläert, dass hie kee virveruerteele wéilt. Hien hätt mam Roberto Traversini doriwwer geschwat, an hätt keen Unhaltspunkt, fir un den Aussoe vum Buergermeeschter ze zweiwelen. Den Ament wär dat Ganzt „e Stuerm am Waasserglas". Den Tom Ulveling huet an Erënnerung, dass de grénge Politiker sot, hien d'Autorisatioun fir déi Aarbechte gefrot hätt.
Der Oppositioun no hätt de Roberto Traversini dogéint gelunn, well e gesot hätt, datt hien déi Geneemegung hätt. De Politiker vun der CSV huet nach vun enger politescher Revanche geschwat an dovun, dass hei de Mann an net de Ball géif gespillt ginn. Op Grond vun den Elementer, déi de Moment virléichen, kéint seng Partei keng Konsequenzen zéien.
Fir de Politiker vun déi Lénk wär de Roberto Traversini als Gemengepapp net méi ze droen.
Gary Diderich:Dofir steet fir déi Lénk fest, datt de Roberto Traversini als Buergermeeschter net méi tragbar ass. Als Chef vun der Gemengeverwaltung a vum Gemengerot, denke mir, datt Vertraue verspillt ginn ass an datt schnellstens muss 100%eg Opklärung an Transparenz an déi ganz Affär kommen.
An den Ae vum François Meisch vun der DP misst de Buergermeeschter direkt zrécktrieden.
François Meisch:Fir mech ass ënnert dësen Ëmstänn eng Weiderféierung vun alle politeschen Ämter vum Roberto Traversini net ze verantworten. Fir all weider politesche Schued ze vermeiden, bleift eis als DP-Déifferdeng just, de Récktrëtt ze fuerderen, an dass sech d'Justiz an déi zoustänneg Verwaltungen der Saach unhuelen, sou wéi d'Gesetz an d'Reglementer dat virgesinn.
Eppes méi gedam war den Erny Müller vun der LSAP.
Erny Müller:D'LSAP wëll keen am Virfeld veruerteelen, besteet awer drop, dass d'Faiten ënnersicht ginn. Dat si mer eise Bierger schëlleg, well mir wësse jo alleguer, virum Gesetz sinn all Bierger gläich, ob Buergermeeschter oder einfache Bierger.
D'Déifferdenger Oppositiounsparteien, deene sech d'KPL net ugeschloss hat, hu sech donieft e Mëttwoch de Moien ënner anerem Froe gestallt zur Positioun vum lokale Koalitiounspartner CSV.
Keng Spur vun Illegalitéit
"Mir hu keng Spur an deem Dossier, vun enger Illegalitéit!": Dat huet de Mike Wagner, 1er Conseiller de gouvernement am Ëmweltministère, e Mëttwoch am Zesummenhank mat der Affär ëm d'Haus an e Gaardenhaischen an enger Gréngzon erkläert, an déi den Déifferdenger Buergermeeschter soll verwéckelt sinn.
Wat e bestoend Gebai an enger Gréngzon ugeet, géif d'Naturschutzgesetz eng Renovatioun erlaben. Et wär dogéint net méiglech, fir eppes ofzerappen an nei opzeriichten. Donieft wär et verbueden, geschützte Biotopen ze zerstéieren. D'Ministesch Carole Dieschbourg hätt effektiv hir Autorisatioun gi fir d'Renovatioun vum Gaardenhaischen.
All Dossier géif gekuckt an dann decidéiert ginn, wat geneemegt gëtt a wat net, sou de Mike Wagner, woubäi och eng Baugeneemegung op der Gemeng néideg wär. Dass d'Autorisatioun fir Aarbechten eréischt ugefrot gouf, nodeems déi ugefaangen haten, wär e Feeler vun deem, dee gefrot huet, d.h. vum Roberto Traversini. Dat géif awer dacks geschéien, z.B. bei Chantieren, huet de 1er Conseiller de gouvernement am Ëmweltministère gemengt. De grénge Politiker selwer wëll nächste Mëttwoch op d'Virwërf reagéieren.