Frigo Anti-Gaspillage kënnt gutt un zu Tënten
Wien eppes géint d'Liewensmëttelverschwendung bäidroe wëll, kann dëst wuel op verschidden Manéiere maachen.
Entweder alles iessen, wat gekacht gouf oder dat, wat iwwereg ass weidervermëttelen, fir dass op dësem Wee keng Liewensmëttel méi onnëtz an der Poubelle landen. Zu Tënten gëtt et dofir en Frigo Anti-Gaspillage.
Zu Huelmes an der Jugendherberg, wou all Dag fir d'Maison Relaisen gekacht gëtt, bleiwen aus Erfarung zum Schluss ëmmer nach e puer Menüen iwwereg bliwwen. Et war genee dëst, wat de Stéphane Mossay gestéiert huet, dass Iesswueren an der Poubelle landen.
No ville Reuniounen an der Ënnerstëtzung vum Ministère gouf investéiert, sou dass no deem éischte Service, d'Reschter kënne steril a propper agepaakt ginn. D'Etikette, déi drop kënnt, verréit engem genee wat dran ass. Duerno këmmert de Stéphane sech drëm, fir dass de Frigo zu Tënten och all Dag gefëllt ass.
Dass een net fir d'éischt bezuele muss, ier een d'Frigosdier kann opmaachen, bréngt leider Onéierlechkeet mat sech. De Frigo ass op, eng Kees niewendru berout op Vertrauen tëschet dem Ubidder an dem Client. Vill gefuddelt gouf zanter Ufank vum Projet awer net, eng ronn 7 Menüe vun iwwer 700 goufen net bezuelt.
Dem Stéphane geet et am Endeffekt net drëm, fir Ëmsaz ze maachen, säi But ass et näischt méi an d'Poubelle ze geheien.
Eng ganz flott Initiativ, déi genee dat erreecht huet, wat de Stéphane wollt, einfach manner Verschwendung.
[commenst]