Allënster
Drénkwaasserproblematik nach ëmmer net behuewen
De Waasserreservoire op der Schläifmillen kéint ënnert anerem de Grond vun der Kontaminatioun vum Drénkwaasser zu Allënster sinn.
Zanter Abrëll ginn d'Awunner vun Allënster opgefuerdert, kee Waasser vum Krunn ze drénken a kréien och Recommandatiounen, wéi se sech verhale sollen.
D'Gemeng Jonglënster schafft mat de Responsabele vum Waasserwirtschaftsamt Hand an Hand. Béid Partner hunn elo decidéiert, e Chloratiounsprogramm opzestellen.
Dënschdeg, den 10.Dezember owes ass eng Biergerversammlung fir d'Awunner am Centre Culturel zu Jonglënster. Et hofft een, dass d'Drénkwaasser viru Chrëschtdag nees ka consomméiert ginn.
©
RTL Archiv
©
RTL Archiv
©
RTL Archiv
©
RTL Archiv
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies