Hondsbesëtzer si gebieden, den Ament besonnesch virsiichteg ze sinn zu Zolwer. En Onbekannten huet an der Rue Pierre Neiertz Rategëft a Gäert verdeelt.

Bis ewell si schonn 3 Hënn un hire Vergëftunge gestuerwen. Dëst krut Eldoradio op Nofro hi vun der Police confirméiert.

Via sozial Medien gouf eis da matgedeelt, datt en Onbekannten och op der Escher Brillplaz Gëft ausgeluecht gouf.