Am Gemengerot war déi blo-schwaarz Majoritéit derfir. Recettë vu gutt 860 Milliounen stinn Depensen an Héicht vun 596 Milliounen géintiwwer.

Déi héchsten Eenzel-Investitiounen sinn den nationale Rettungscenter fir 28 Milliounenn, a 25 Milliounen déi fir de Futtball- a Rugby-Stadion tëscht der Cloche d'Or an der Kockelscheier virgesi sinn.

D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet e Méindeg am Gemengerot iwwerdeems annoncéiert, dass den 20. Januar d’nächst Joer, eng 15 Projete solle virgestallt ginn, wat mam Gebitt vum haitege Stade Josy Barthel op der Areler Strooss soll geschéien. De Public huet dono zwou Wochen Zäit sech d’Propositiounen un ze kucken.