An der Gemeng Helperknapp ass de Mësstrauensvott géint de Schäfferot um Donneschdeg de Moie mat 7 géint 5 Stëmmen ugeholl ginn.

Ee Member vum Gemengerot war net do.

Wéi et elo politesch viru geet, ass den Ament schwéier ze soen. De Buergermeeschter Frank Conrad, sot vis-à-vis vun RTL, hie géif sech wënschen, datt déi 13 Leit sech elo mol zesummesetzen an driwwer diskutéieren, wat déi bescht Zukunft fir d’Gemeng ass.

Dat wënsche sech d’Conseilleren och. Eng Léisung, dat heescht en neie Schäfferot, ass eréischt fir dat anert Joer.