E Sonndeg den 22ten Dezember huet d'Greiweldenger Musek hieren traditionellen Chrëschtconcert an der lokaler Kierch gespillt.

D'Leedung hat den neien Dirigent Mil Muller an als Solist op der Uergel konnt den bekannten Militärmuseker Tom Braquet engagéiert ginn.

D'Kierch war voll besat an d'Nolauschterer si vun de Museker op ganz héijem Niveau verwinnt ginn. Nom Concert gouf et nach e Patt an e Maufel am "Inteneck", wou d'Museker an d'Publikum sech ausgetosch hunn.