De Chantier, wéinst deem d'Streck tëscht Maarnech an der Doosber Bréck zanter Abrëll gespaart ass, geet esou lues op en Enn.

Jorelaang huet den Zoustand vun der N10 fir Kritik gesuergt. Ufanks sollten d'Aarbechte schonn am Januar ugoen, den neien Datum gouf dunn awer op Abrëll 2019 verréckelt. Eise Reporter war op der Plaz, fir sech e Bild vun der Strooss ze maachen, déi am Laf vum nächste Joer nees fir d'Automobiliste soll opgoen.

Wéi huet d'Strooss virun den Aarbechten ausgesinn?