Alt nees maachen an der Stad zwee Butteker, déi net zu enger grousser Mark gehéieren, hir Dieren zou.

"D'Stad ass paralyséiert!" dat seet eng Stater Geschäftsfra, déi no 8 Joer d'Diere vun hirem Kleederbuttek an der Uewerstad zougemaach huet. Si ass net déi eenzeg. Och en Traditiounsbuttek, dee Spillsaache verkeeft, hält op. Och wann d'Grënn fir d'Fermeture verschiddener sinn, schéngen d'Chantieren en zentrale Problem ze sinn. 1860 hunn dem Pierre Simonis seng Grousselteren de "Lassner" an der Stad gegrënnt, deen zanterhier 3 Mol geplënnert ass, an Enn Mäerz definitiv d'Dieren zou wäert maachen. Fir de Patron vum Spillbuttek huet d'Decisioun mat sengem Alter ze dinn. An awer gëtt hien och zou, datt de Chantier vum Knuedler dem Betrib geschuet huet:

Datt se do sou laang bauen, fir dee Parking méi grouss ze maachen. Zanter Jore si se am Gaang, an et weess een nach ëmmer net, wéini e fäerdeg gëtt. Also dat ass net grad dat bescht fir d'Geschäfter an der Stad.

D'Carolyn Gobran, Patrone vum Kleederbuttek Honey/Mustard, hat scho virun e puer Joer Angscht virum Impakt, deen d'Chantieren op d'Geschäftswelt an der Stad wäerten hunn, an huet dofir decidéiert, an enger grousser Surface zu Bartreng e Buttek opzemaachen:

De Chantier ass eng Barrière, fir d'Clienten an d'Stad ze kréien. An net just de Chantier, mee och de Manktem u Parkplazen, fir déi een och nach bezuele muss an d'Trottoire sinn opgerappt, an dat dauert och nach laang. Dat sinn alles Saachen, déi d'Kultur vum Shopping an der Stad degradéiert.

Bei engem Loyer vun 10.000 Euro de Mount an net genuch Passage vu Clienten geet d'Rechnung dann och net méi op. Finanziell Entschiedegungen bei Chantieren si gesetzlech net festgehalen, betount den Stater CSV-Schäffen Serge Wilmes, deen esou Iwwerleeungen awer net ausschléisst:

Et gëtt net einfach, well da muss e wierklech verschidde Kategorien vu Chantieren definéieren, da muss ee kucken, wéi eng Kritären een erfëlle muss. Dat ass net evident. De Moment hu mer déi Gesetzgebung net, just beim Tram hu mer se applizéiert. An do soll och Hëllef kommen, well déi musse gehollef kréien. Mee fir de Rescht ass et sou, datt wa Chantieren sou gemaach ginn, datt Geschäfter accessibel bleiwen, dann hu mir eis Aufgaben erfëllt. An dat geschitt de Moment. Mee et kann ee sech ëmmer Gedanken maachen.

Fir d'Stater Geschäftsleit géing d'Konkurrenz ëmmer méi grouss ginn duerch grouss Akafszenteren an den Internet. Et misst ee sech adaptéieren an ëmmer méi innovativ ginn, wat och eng ganz Partie Stater Butteker géife maachen, huet de Serge Wilmes nach betount.

Iwwerdeems hat de Schäfferot de groussen Akafszenter um fréieren Aldringen als Zuchpäerd fir de Stater Commerce ugekënnegt. Déi nächste Méint wäerten da weisen, ob dat och de Fall ass, seet de Serge Wilmes. Déi meescht Geschäftsleit gesinn den Zenter dann net als Konkurrenz, mä positiv, well nees Leit an d'Stad kommen, esou den CSV-Politiker.

Extrait Serge Wilmes
De Stater Schäfferot hat de groussen Akafszenter um fréieren Aldringen als Zuchpäerd fir de Stater Commerce ugekënnegt.

D'Carolyn Gobran déi hire Buttek an der Stad jo zougemaach huet, zitt e ganz anere Bilan. Si hat wuel och d'Hoffnung vum "Zuchpäerd", ma wéi si op der Ouverture kucke war, war si richteg enttäuscht. Do huet si och den Entschloss gefaast, fir net méi an der Stad ze bleiwen, déi vill ze vill onattraktiv gouf. Well och dat sougenannten "Zuchpäerd" géif hir Clientèle net an d'Stad lackelen.

Extrait Carolyn Gobran
D'Carolyn Gobran déi hire Buttek an der Stad jo zougemaach huet, zitt e ganz anere Bilan, wéi déi Responsabel an der Stad Lëtzebuerg.