De 17. Januar gëtt an der St George's International School e Solidaritéitsconcert fir d'Affer vum Äerdbiewen an Albanien gespillt.

Bei dësem Evenement trieden albanesch Museker zesumme mat engem Lëtzebuerger Komponist op. Mat dobäi sinn d'Eriona Gjyzeli, Pierre Weber, Dhurata Lazo, Zija Klito Bejleri, Hannah Islamaj an d'Diana Subashi.

Um 19 Auer geet de Concert lass.