Zanter Abrëll d‘lescht Joer gouf et Probleemer mam Drénkwaasser zu Allënster. Et war bakteriell verknascht.

D‘Awunner hu wärend der ganzer Zäit kee Waasser vum Krunn däerfe benotzen, ouni et virdrun ofgekacht ze hunn.

Mam Waasserwirtschaftsamt an Experten aus dem Ausland gouf no der Ursaach wärend Méint gesicht.

Elo schéngt ee Liicht um Enn vum Tunnel ze gesinn. Déi lescht Analyse vum Waasser géifen Hoffnung maachen, esou heescht et säitens der Gemeng. Och beim Waasserwirtschaftsamt ass ee positiv gestëmmt.

Et wären nei Leitunge geluecht ginn, fir den Drock um Waasser ze erhéijen.

Ier een elo definitiv gréng Luucht gëtt, wéilt een nach een Ament ofwaarden. Sou heescht et säitens dem Waasserwirtschaftsamt.

Et kéint also gutt sinn, dass d‘Awunner vun Allënster deemnächst nees kéinten d‘Waasser vum Krunn benotzen.