2 fräi Gemengeplazen zu Schieren
Gemeng annoncéiert Komplementarwalen den 26. Abrëll

© RTL
Am Schierener Gemengerot stinn den Ament zwou Plazen op, déi vun de fréiere Gemengerotsmembere Claude Mohnen a Suzy Pfeiffer.
D'Gemeng annoncéiert op Facebook, datt et Komplementarwale wäert ginn an zwar Sonndes de 26. Abrëll.
An der Gemeng war et jo an der Lescht drënner an driwwer gaangen. De Buergermeeschter André Schmit hat als Gemengepapp demissionéiert. Den Eric Thill gouf dono Buergermeeschter.
RTL NEWS: De Buergermeeschter vu Schieren André Schmit demissionéiert
RTL NEWS: Eric Thill offiziell als neie Buergermeeschter confirméiert
Am meeschte gelies