Zënter iwwer 10 Joer mécht den Historiker Robert Philippart dës Visitt schonn.

Hie kennt di historesch Gebaier aus der Stad in an auswenneg.

Um Sonndeg ass et lassgaange mat den Themen: Jugendstil, Art Déco a Modernismus.

Op der Plëss virum Cercle  huet den éischten Tour am neie Joer ugefaangen. Eng Plaz, déi sech gutt ubitt, well di 3 Stilrichtungen hei vertruede sinn. Jugendstil, Art Déco a Modernismus stinn nämlech fir déi nei Bauformen aus dem 19. An 20. Joerhonnert. Nei Weeër wollten d’Architekten deemools goen.

De Jugendstil war e Géigepol zu den deemools traditionellen a klassesche Bauformen. Duerch d’Industrialisatioun sinn och nei Baumaterialien benotzt ginn. D’Groussgaass war esou gesinn wéi e Showroom fir déi grouss Entreprisen aus der Stolindustrie. Wat Lëtzebuerg op eng méi innovativ Positioun am Jugendstil katapultéiert huet.

Entrée de l'agence du Crédit Lyonnais à Luxembourg © Archives privées Georges Traus /

D’Gebaier, déi wärend der Visitt gewise ginn, si just vu Lëtzebuerger Architekten. Si hunn deemools am Ausland studéiert an hir Influenzen a modern Gedanken aus Däitschland, Frankräich an der Belsch mat heihinner bruecht.

2019 war fir den Historiker Robert L. Philippart e ganz gutt d’Joer, wat d’Zuele vun de Visiteuren ugeet. Déi nächst Architektur-Promenade ass den 9. Februar an der Villa Louvigny.

Eemol de Mount ginn d’Visitte gratis ugebueden a méi Informatiounen fënnt een um Site www.histoireurbaine.eu.

Hei d'Schreiwes:

Eclairage conçu par Georges Traus pour l'agence du Credit lyonnais à Luxembourg © Collections particulières /

Si la place d’Armes présente une architecture hétéroclite aux teintes d’historicisme, d’Art Nouveau, d'Art Déco et de Modernisme et si les carrefours formés avec  la Grand’Rue affichent des constructions modernistes reposant sur des ossatures métalliques, ces choix reflètent des options délibérées des maîtres d’ouvrage. Si la Ville de Luxembourg avait ouvert des bains municipaux d’inspiration Art Nouveau considérés à l’époque de leur construction de « prouesse technique », c’est que Luxembourg s’était engagé sur la voie d’un renouveau architectural.

Grand'Rue Meta Brahms plan©Revue technique1933 /