Géint Amazon a co. komme lokal Geschäfter schwéier un. Fir dem Phänomen entgéintzewierken, iwwerzeegt den Eenzelhandel zu Dikrech mat senger Groussgaass.

D'Opkomme vum Internet-Handel huet d'Situatioun vu klenge Geschäfter am Land jo bekanntlech net verbessert. Trotzdeem hu mir e puer Geranten a Verkeefer zu Dikrech getraff, déi sech an dëse schwieregen Zäiten zu Recht fonnt hunn. D'Stad Dikrech schéngt nawell nach eng vun deene Stied ze sinn, wou d'Mënschen nach gären hir lokal Geschäfter ënnerstëtzen, och wann den Drock vum Commerce um Internet natierlech och hei ze spieren ass.

Am Nostalgicum zu Dikrech gëtt et nach vill trei Clienten, déi bei hinnen am Zentrum akafe ginn. De fréiere Gerant erzielt eis, wéi d'Geschäft seng Diere virun 11 Joer opgemaach huet, a mat oppenen Äerm an der Gemeng ugeholl gouf. D'Dikrecher Leit wieren immens frëndlech a géingen d'lokal Butteker wéi den Nostalgicum ënnerstëtzen. Den Tourismus wier och ee positiven Effekt fir den Eenzelhandel an der Stad.

De Vendeur vum CBD-Shop Coalabis zu Dikrech confirméiert och, dass d'Geschäft an der Géigend vun der Gare gutt leeft, an dat trotz enger grousser Konkurrenz um Internet: "Mir si säit dem 1. Juni zu Dikrech etabléiert, an säitdeem kommen ëmmer méi Leit eis CBD-Produkter kafen […] D'Mond-Propaganda schéngt hei zu Dikrech gutt ze lafen [...]".

An Zukunft wäert de Buttek och een Internet-Site an d'Liewe ruffen, fir gutt opgestallt ze sinn. De Vendeur ass jiddwerfalls dovun iwwerzeegt, dass och en net-virtuelle Buttek wäert kënnen iwwerliewen.

Beim Coalabis fillt ee sech gutt opgestallt fir d'Zukunft / © Sven Schroeder

Trotz ëmmer méi Internet-Handel, loosse sech awer d’Eenzelhändler vun Dikrech net ënnerkréien, a kämpfe fir d’Zukunft vun hire Butteker weider.

Dësen Artikel ass geschriwwe ginn am Kader vun engem Workshop vum LCD BTS 'Media Writing', den 31. Januar 2020.