De Phänomen Pop-up-Store ass bestëmmt ville Leit e Begrëff. Och zu Dikrech an der Akafsstrooss mécht deen éischten dëst Joer seng Dieren op.

Ma wat ass eigentlech e Pop-up-Store? E Pop-up-Store ass e provisoreschen Eenzelhandelsbuttek, deen iwwergangsweis a Geschäftsraim bedriwwe gëtt, déi deen Moment net genotzt ginn. E Virdeel vun dësem Geschäftssystem ass, dass déi eidel Geschäftsraim rëm genotzt ginn. Dozou ass et eng Ënnerstëtzung vu klenge Commercen, déi anescht d’Méiglechkeet net hunn, selwer e Geschäft opzemaachen.

D’Initiativ, e Pop-up-Store opzemaachen, ass vun der Gemeng Dikrech an d’Liewe geruff ginn. Deen éischte Buttek, dee sech am Februar, fir eng Dauer vu 4 Méint, zu Dikrech etabléiert, ass “WE°SEARCHY” vum Claudia an Amber. Niewent hirem Büro notzen déi zwou Innenarchitektinnen de Pop-up-Store zousätzlech fir hir handgemaache “Pompom cousu” souwéi hir DIY-Miwwelen ze verkafen (DIY = do it yourself). Fir de Pop-up-Store hu si sech eng Aart vu Speed-Dating iwwerluecht, bei dem déi potenziell Clienten eng direkt Berodung zum Thema Innendesign kënne kréien, fir spéider eng méi detailléiert Berodung unzefroen. De Pop-up-Store koum hinne grad zepass, fir hire Marché ze erweideren. Bis ewell hu si hir Produiten op Marchéen, wéi dem Ettelbrécker Maart oder de Maart bei den Rotonden, ugebueden. Ma net nëmmen notzen déi zwou Fraen de Buttek fir de Verkaf, mä och fir Promotiounsszwecker.

De Pop-up-Store ass also eng Méiglechkeet, fir kleng oder nei Geschäftsleit iwwert eng bestëmmten Dauer hir Produiten unzebidden an ze testen, wéi et ass, e Buttek ze féieren. Ausserdeem ass et och eng gutt Reklamm. D’Claudia an d’Amber sinn, wéi och d’Gemeng Dikrech, vum System iwwerzeecht an hu grouss Erwaardungen un den Buttek. Ouverture ass de 4. Februar.

Dësen Artikel ass geschriwwe ginn am Kader vun engem Workshop vum LCD BTS 'Media Writing', den 31. Januar 2020.