Mat neien Iddie gëtt awer elo probéiert, neien Elan an d'Stad eranzekréien.

Vill Krämpes haten d'Escher Geschäftsleit déi lescht Joren. E schwieregt Ëmfeld huet derzou gefouert, datt vill Butteker hir Dieren zougemaach hunn. Mat neien Iddie gëtt probéiert, neien Elan an d'Stad eranzekréien.

Et gi schonn Ustrengungen ënnerholl, fir d'Clienten nees ze fideliséieren. Sou hunn d'Geschäfter zu Esch iwwer Mëtteg op. Eng aner Iddi si Pop-Up-Butteker.

Den Zentrum vun Esch soll zu neiem Liewen erwächt ginn an domadder och d'Geschäftsstrooss.