Drosbech um Houwald net verknascht, sou de Marc Lies

© Facebook-Screenshot
D'Drosbech um Houwald presentéiert sech den Ament an engem ongewinnt dréiwen Zoustand. Entspriechend Fotoen zirkuléieren och op de soziale Reseauen.
Op RTL-Nofro hin, ass et awer d'Confirmatioun, dass d'Baach net verknascht ass. Wéi eis den Hesper Député-Maire Marc Lies géintiwwer confirméiert huet, hätten d'Pompjeeën no enger Iwwerpréiwung op der Plaz keng geféierlech Substanzen an der Drosbech fonnt.
Villméi géif et sech ëm e Bullis- oder Zementschleier am Waasser handelen, dee wuel duerch e Buerlach kann entstane sinn.
Wéi et fir den Ament ausgesäit, wiere keng gëfteg Stoffer fräigesat ginn. D'Ëmweltpolice gouf avertéiert an hëlt sech der Affär un.