Zanter 4 Joer lafen elo d'Ëmbauaarbechten an um Enn entsteet e "Shared Space" an der Forge du Sud.

D'Diddelenger Akafsstrooss méi modern gestalten an d'Mobilité Douce fërderen. Dat war d'Haaptiddi, wéi ugangs vun dësem Joerhonnert un e Reaménagement vun der Geschäftsstrooss nogeduecht gouf. Zanter 4 Joer lafen elo d'Ëmbauaarbechten an um Enn entsteet e "Shared Space" an der Forge du Sud.

Am Mee dëst Joer wäerten d'Aarbechte vun der aktueller Phase fäerdeg ginn. D'Niddeschgaass, sou gëtt d'Geschäftsstrooss vun den Diddelenger genannt, kritt also eng nei Nues. Fir d'Geschäftswelt wär dëse Projet eng Chance.

Am Hierscht 2022 wäerten déi ganz Aarbechten ofgeschloss sinn.

D'Plaz Frantz Kinnen, d'Rue du Commerce an d'Kräizung mat der Zoufftgener Strooss sollen nei gemaach ginn. D'Aarbechten op der respektiver Plaz kaschten 4,77 Milliounen Euro, d'Stroossenaarbechten 4,9 Milliounen Euro.

Automobilisten, déi vun der Zoufftgener Strooss aus kommen, kënnen an Zukunft och nees lénks ofbéien. Doduerch soll den Trafic am Zentrum reduzéiert ginn. D'Rue du Commerce soll zwou Spueren kréien. A Richtung vum Shared Space wäert dann och Tempo 30 gëllen.