Gemeng Ell
Problemer mam Drénkwaasser behuewen

© AFP
An der Gemeng Ell goufen e Mëttwoch Problemer mam Drénkwaasser an den Uertschaften Nidderkolpech, Uewerkolpech an zu Ell selwer gemellt.
Dës goufen erkannt an eliminéiert. Vun der Gemeng koum e Freideg d'Entwarnung, de Problem wier elo definitiv behuewen.
D'Gemeng huet de Leit Drénkwaasser vun der DEA beim Gemengenatelier zur Verfügung gestallt gehat.
Am meeschte gelies