Dat grousst Buch vum Nordstad-Turnveräin!

Ënnert dem Thema "Bicher" huelen 250 Turner an Turnerinnen iech de 14. a 15. Mäerz mat an dat grousst Buch vum Nordstad-Turnveräin.
Vum Dschungelbuch, Harry Potter, der Herr der Ringe iwwer Kachbicher an de Kloni Klunnes ass fir jiddereen eppes dobäi.
Kommt laanscht a "bliedert" iech duerch déi verschidde Geschichten a Bicher, déi d'Turner an d'Turnerinnen op sportlech a fantasievoll Aart a Weis duerstellen.
Wou? Centre Sportif Frankie Hansen zu Ettelbréck
Wéini? Samschdeg, de 14. Mäerz
Entrée: 18h00 Ufank: 19h00
Sonndeg de 15. Mäerz
Entrée: 13h30 Ufank: 14h30
Präisser Virverkaf - 10 € Oweskeess - 12 € (Kanner ënner 6 Joer inclus si fräi)
Informatiounen och op: https://www.nordstad-turnverain.lu oder Facebook ënner "Nordstad-Turnveräin".