D'Gemengepappe vu Steesel a Luerenzweiler hu sech dofir ausgeschwat, datt d'Terrainsverbëtze bei dësem Projet esou kleng wéi méiglech soll gehale ginn.

Et weist ee sech enttäuscht iwwer d'Creos. Grond ass d'Extensioun vum Stroumreseau am Uelzechtdall a béide Gemengen, dee vun 220 op 380kV soll gehéicht an doduerch nei verdeelt soll ginn. E Projet deen d'Modernisatioun vum Stroumreseau tëscht Lëtzebuerg an Däitschland och no 2030 garantéiere soll.

Schéin a gutt, esou béid Buergermeeschteren. D'Situatioun zu Heeschdref géif esou verbessert ginn. Ma et wënscht ee sech vun de Gemengen awer méi Matsproocherecht beim Trajet vum neie Reseau. De Steeseler Buergermeeschter, Jean-Pierre Klein.

De Jean-Pierre Klein - Steeseler Buergermeeschter

"Mir als Steeseler si frou, wa mer eise bewunnten Territoire vun den Anlage befreit kréien. Awer net ënnert egal wat fir enge Konditiounen. De Site fir déi nei Transformatioun soll esou no ewéi méiglech bei d'A7 kommen. Fir d'Landschaftsbild esou onberéiert ewéi méiglech ze loossen. D'Terrainsverbëtze soll minimaliséiert ginn. Och d'Bauere sollen esou mann ewéi méiglech geschiedegt ginn."

Et kritiséiert een hei virun allem d'Kommunikatioun vun der Creos: "Et kann een awer net Confidentialitéit schwätzen an eis déi imposéieren, wann ee sëlwer e puer Deeg duerno scho bei Proprietäre vu Terrainen déi um Heeschdrefer Plateau leie froe geet fir Emprisen ze maachen. Da stellen d'Leit sech natierlech bemol Froen a wëlle wësse wat grad geschitt."

Och déi zoustänneg Ministèrë géife sech bedeckt halen, esou nach d'Kritik e Méindeg de Moien.

D'Pläng vum Reseau wieren alles aneres ewéi fix, heescht et awer vum Energieministère. De Prozess vun der Evaluatioun wier nach net ofgeschloss. Alternative géife consideréiert ginn. De Fokus géif drop léien d'Distanze vum Reseau op d'Wunnberäicher ze erweideren. Eng konkret Strategie soll am Hierscht publizéiert ginn.

Et fuerdert een ënner anerem 50 Meter héich Stroummasten, duerch en ënnerierdesche Reseau ze ersetzen. Weider Alternative sollen och consideréiert ginn, esou béid Gemengepappen.

Ass dat ëmsetzbar?

Bei ville Biergerinitiativen uechter Europa stéisst den Ausbau vum Stroumreseau op Kritik. Verleeë vum ënnerierdesche Kabel geschitt dacks ënnert der Notzfläch vu Landwirtschaftleche Betriber. Nieft engem laangwierege Chantier um Aker, gëtt och gefaart, datt de Buedem duerch d'Hëtzt vun de Kabelen, Héichspannungsleitunge verdroe bis zu 200 Grad, éischter ausdréchent. Och de Käschtepunkt ass däitlech méi héich. De Buedemkabel kascht nämlech 3 bis 10 mol esou deier ewéi deen, deen an der fräier Loft hänkt. Hei ass et manner de Preis vum Kabel, mä vun den Aarbechten.

Ofhängeg vun der Leitung an der Auslaaschtung riskéieren ënnerierdesch Reseauen iwwerdeems en Iwwerdroungsverloscht vu bis zu 25% par Rapport zu enger traditioneller Leitung.

RTL

© Didier Weber