E Méindeg den Owend hat wuel een eppes an de Buer beim Monument vum Amalia geschott, wouropshin et zu enger gréisserer Schaumentwécklung koum.

Dee Schaum ass duerch d'Loft nawell séier an de Stroosse ronderëm verdeelt ginn.

De Buer beim Denkmal vum Amalia gouf zum Schaum-Buer
Nodeems e Méindeg wuel een eppes an de Buer geschott huet, war um Dënschdeg de Moien nach ëmmer vill Schaum um a ronderëm de Buer. D'Waasser gouf ofgespaart.